top of page

Foire de l'étudiant

Di 30. Studentefoire an de Foireshale war fir d’AETCO ee grousse Succès.

 

De Stand louch dëst Joer un engem Haaptpassage nieft de BTS-Stänn. Di ganz Deg iwwer si Gruppe vu Jonker laanscht komm. D’Konzept vum Stand mat de frësche grénge Faarwen an de Gadgeten huet eng Rei Jonker ugezunn. Haaptsächlech war et awer de Slogan „Schoul halen am Lycée“ deen dozou geféiert huet, datt di Jonk mat eis an d’Gespréich komm sinn a Froen zum Beruff an zur Ausbildung gestallt hunn. Esou konnten eng Rei vun Informatiounen iwwert de Beruff vermëttelt ginn.

 

Ee Bachelor am « commerce » oder « assistant de direction » gëtt Zougang an d‘Carrière A2 vum « professeur d’enseignement technique, spécialité secrétariat ».

 

Studente vun der Sprooch- oder Ecossektioun aus dem Classique grad ewéi d‘Fachabiturienten aus dem Commerce sinn de Public cible, deen et gëllt fir dës Carrière ze gewannen. Dat ëmsou méi well Lëtzebuerg wéinst senger ekonomescher Entwécklung am Commerce, an der Administratioun an am Management vill méi ausbilde muss. Enseignanten an deem Beräich gi gesicht an hu ganz gutt Perspektiven.

© 2016 by AETCO. Proudly created with Wix.com.

  • Wix Facebook page
  • Twitter Classic
  • Google Classic
bottom of page